14.12.2011 - 14.12.2011
cabaret

Organisé par Cabarenert en collaboration avec le CCRN

elauter Poppenetti - Cabarenert

Deen neie Programm vum CABARENERT 2011/12

elauter Poppenetti

Elo fro der Iech sécher … Wat soll dat ? … Wat heescht dat do dann elo?

Mä, maache si et dann net och esou? Déi Grouss … aus der Politik a Wirtschaft… déi grouss Eminenzen… verstoppe se sech net och hanner Wierder… Nei Wierder, déi kee Mënsch versteet, gezwafft a benotzt fir datt mer mengen, se hätten d’Welt nei entdeckt. En neit Wuert als eenzegt Mëttel fir Problemer ze léisen, fir Inkompetenz, Onwëssen, Muechtlosegkeet an Ofhängegkeet ze verstoppen?

Abee, dat kënne mir och… ëm eis schéissen… mat Wierder!

Just, mir brauche keng nei ze erfannen…, well et gëtt se jo (nach) an eiser Sprooch!!!

Duerfir gi mir en aalt Wuert erauskropen… fir eist ze soen!!!

Ënner dem Motto elauter Poppenetti schéisse mir zeréck matt Wierder a soen eis Meenung.

Mä mir verstoppen eis net hanner Sproochblosen. Mir soen Iech genee, wat sech hanner dem Wuert verstoppt.

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organisé par Cabarenert en collaboration avec le CCRN

      Raymond Erbs +352/621199128
      www.cabarenert.lu

      Organisateurs principaux

      Organisé par Cabarenert en collaboration avec le CCRN

      Information

      Raymond Erbs +352/621199128
      www.cabarenert.lu