03.06.2016
18:00
concert

Organisation: Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette/neimënster

Cap-Futur - Music Talent Show Luxembourg

Lu: Wanns du musikalesch eppes drop hues an dat wëlls op d’Bühn bréngen, da maach bei eisem Concours mat a stell däin Talent ënner Beweis! Wanns du tëscht 13 a 20 Joer al bass, kanns du um grousse Casting vu Music Talent Show Luxembourg den 3. Juni 2016 ab 18.00 Auer an der Abtei Neimënster (28, rue Münster, Luxembourg-Grund) deelhuelen. Zéck net laang, trau dech a mell dech iwwert d’Email: talentshow@neimenster.lu. Den Délai fir d’Kandidaturen anzereechen ass den 30. Mee 2016. D’Kandidate musse bei der Umellung hire Projet kuerz virstellen: Genre vun der Performance (Musek mat Gesang, instrumental Musek, Danz mat musikaleschen Ënnergrond …), wéivill Artisten un der Performance deelhuelen (Solo, Duo, Trio,…), wéi eng Instrumenter gespillt ginn, den Titel vum Lidd dee virgestallt gëtt… Déi 40 éischt Kandidature sinn dobäi a kréien hir Participatioun um Casting per Mail confirméiert. Nom Casting ginn dann déi 12 bescht Performance vun enger Jury gewielt déi den 25. Juni 2016 an der Finale vu Music Talent Show Luxembourg untrieden. De Music Talent Show Luxembourg gëtt vun d’Schüler vum Projet Cap Futur vum LTE a Zesummenaarbecht mat neimënster organiséiert.

Wann nach Froen opstinn, mell dech per Mail un: talentshow@neimenster.lu.

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organisation: Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette/neimënster

      Organisateurs principaux

      Organisation: Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette/neimënster

      Information