25.04.2013 - 25.04.2013
théâtre

Organisé par l'Union Grand-Duc Adolphe

Stol a Goss - En Theaterstéck an 3 Akten geschriwwen vum Marco Schank

D’Geschicht spillt ëm 1900 am Minett, zu Zowaasch.

Vun 1874 bis 1904 goufen am Süde vun eisem Land knapps 100 Milliounen Tonne Minett erausgeholl. Bis zu 12 Stonnen den Dag gouf geschafft, ausser Sonndes. An dëser Period waren 120.000 Biergleit an de Galerien an an de Schmelzen beschäftegt.

Dausenden Aarbechter koumen deemols an d’Land, eng Parti och aus dem Eisleck, an immens grouss sozial a gesondheetlech Problemer blouwen net aus. D’Uertschaften am Süden waren op deen Ustuurm net viirbereet.

Den Här vu Zowaasch, ass Patron iwwer eng sëllichen Schmelzen a Grouwen. Wéi fréier de Buerghären, gehéiert him zu Zowaasch alles – d’Aarbechter an hiir Familljen inklusiv!

Den Dokter Misch Bintz an de Biergaarbechter Mars di Ronco sin him een Daar am Aën. Hee fënnt, dat di Zwee seng Aarbechter géint heen a säi Betrieb opwiggelen.

D’Geschicht hëllt hiire Laaf.

Dëst Theaterstéck ass all deene Männer a Fraen dediéiert,

déi am Minett fir de Räichtum vun dësem Land geschafft hunn

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organisé par l'Union Grand-Duc Adolphe

      Am Kader vun 150 Joer UGDA
      www.ugda.lu
      Tél.: +352 46 25 36-1

      Organisateurs principaux

      Organisé par l'Union Grand-Duc Adolphe

      Information

      Am Kader vun 150 Joer UGDA
      www.ugda.lu
      Tél.: +352 46 25 36-1