25.06.2022
16:00
musique | divers

Organisation: neimënster, A-Promotions

Nikki Ninja & Afrobeathoven - Knëppelsteng zu Räppeldeng

LU: D’Nikki Ninja gesäit vu wäitem a vu noem eigentlech ganz normal aus. E lëtzebuergescht Meedchen, dat am klenge Räppeldeng opwiist. Moment wou ? Räppel-wat ? Dir kennt dat Nascht lenks nieft Hannerknuppescht bestëmmt net, mä d’Nikki huet vill iwwert seng verréckt Erliefnisser a Begéinungen an de Stroossen vu Räppeldeng ze erzielen. Woubäi hat net einfach sou erzielt, neen hat rappt. Zemools wann et him ze roueg ass, kënnt hat aus senger Verstopp a leet zesumme mat senger Clique lass. D’Wierder fléien da just sou aus sengem Mond. Do reent et lo Rhymes amplaz Knëppelsteng zu Räppeldeng, mat engem Flow, de witzeg, éierlech an einfach Ninja ass. Wuertspiller, wéi dir se nach ni héieren huet, Reimer, déi engem d’Zong verdréinen a Beats, déi ënner d’Haut ginn…

FR: Nikki voudrait raconter des expéditions trépidantes, chanter ses rencontres rocambolesques dans les rues de Räppeldeng, le petit village tranquille dans lequel elle a grandi avec ses amis. Tranquille ? Pas tant que ça ! Quand les soirées sont trop calmes, Nikki Ninja sort du bois, sème les vigiles et rappe avec sa clique au centre-ville ! Un spectacle familial de ninja rap avec des beats explosifs, un flow qui claque, des rimes et plein de jeux de mots improbables en luxembourgeois !

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organisation: neimënster, A-Promotions

      Organisateurs principaux

      Organisation: neimënster, A-Promotions

      Information