Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Organiséiert vum CCRN.
Making Luxembourg - Lëtzebuerger Cabaret fir méi Solidaritéit an géint de Rassismus
Liewen zu Lëtzebuerg, dat heescht virun allem, dass een an engem Land mat ënnerschiddleche Leit zesumme lieft, Leit déi ganz verschidden Originen an Talenter hunn an dëst Land, dës Gesellschaft op hir ganz eegen Aart a Weis prägen. Wat zeechent Lëtzebuerg besonnesch aus, wat charakteriséiert d’Bierger vum Grand-Duché? Existéiert en Alldag an deem Rassismus, Friemefeindlechkeet an Diskriminéierung ofgeleent ginn?
D’Virstellung Making Luxembourg, déi extra fir de Festival Humour pour la Paix kreéiert gëtt an d’Initiative Making Luxembourg esou op eng speziell Manéier ënnerstëtze wëll, probéiert ee kritescht Liicht op Zesummeliewe vun ënnerschidlechen Nationalitéiten hei am Land ze werfen an en Opruff ze sinn, fir méi Toleranz an Zesummenhalt. Gläichzäiteg gëtt awer och virun Aen gehaale wat typesch lëtzebuergesch ass. Virun allem soll awer dat gemeinsamt Laachen net ze kuerz kommen: D’ Lëtzebuerger Kabarettiste Guy Geimer, Marcel Heintz, Monique Melsen a Jay Schiltz ginn musikalesch begleet vun de MillerMoaler, engem lëtzebuergesche Folkduo.
Organiséiert vum CCRN.
www.makingluxembourg.lu