21.11.2013 - 21.11.2013
cabaret

Organiséiert vu Cabarenert en Kollaboratioun mam CCRN.

LuxiLeaks - Cabarenert

Psssst!!!! Näischt weidersoen, et ass alles geheim. Esou geheim, datt all Mënsch et weess! Jiddweree weess eppes, awer kee vill, an ob et iwwerhaapt stëmmt, dat sief dohigestallt.

Wou koumen déi Informatiounen hier? Ass do éieren een net dicht, gëtt éieren nogehollef, nogesicht, nogefuerscht, nogebuert oder ass d’Material muedebëtzeg? Well dann zitt et aus de Lächer, an et facht; et ass eppes faul. All déi Ondurrenheete kommen un d’Liicht, awer si géinge se léiwer verstoppen an nimools weisen.

Du kriss alles um Plateau zerwéiert, mee pak nëmmen näischt un! Du verbrenns der d’Patten. Dat si gliddeg Eisen, an awer; du kriss se fir d’Vrecken net gebéit; och wann s du de Mond wässereg gemaach kriss. Ass et net besser, du gëss iwwerhaapt näischt gewuer?

Hues du nach ëmmer net bekäppt? Këmmer dech ëm näischt, da kënns de an näischt! Stay behind! Allez hopp: shredder alles, kier alles ënnert den Teppech oder stiech einfach alles hannescht an d’Lach! Dajee… maach virun, soss hänks du op eemol mat an de Seeler!

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organiséiert vu Cabarenert en Kollaboratioun mam CCRN.

      Organisateurs principaux

      Organiséiert vu Cabarenert en Kollaboratioun mam CCRN.

      Information