23.03.2014
17:00
humour pour la paix

Organiséiert vun dem CCR Neumünster.

Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger - Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn
Pierre Puth a Paul Dahm

Am Kader vun der Ausstellung Satirische Literatur in Luxemburg huet de Pierre Puth de 7. Februar 2013 am Centre national de littérature zu Miersch, begleet vum Paul Dahm um Piano an um Saxophon, e Virtrag gehal mam Titel Lëtzebuerg de Lëtzebuerger: Exkurs iwwer eis Identitéit – vum Grof Siegfried bis bei de Lex Roth a vun der Melusina bis bei d’Lea Linster. Dee Virtrag huet op den éischte Coup sou gutt ageschloen, datt en zënterhier scho 34 Mol uechter d’ Land gehale gouf.

Mat der Iwwerschrëft Lëtzebuerg net nëmmen de Lëtzebuerger an ënnert dem Motto Mir wëlle bleiwen, wat mer guer net sinn, engem Zitat aus dem Mars Klein sengem Cabaretprogramm FÜR FÜRST & KLEINVATERLAND aus dem Joer 1979, bréngt de Pierre Puth, an ëmmer nach begleet vum Paul Dahm, eng iwwerschafft an aktualiséiert Oplo vu sengem Gespréich.

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organiséiert vun dem CCR Neumünster.

      90 minutes sans entracte

      Organisateurs principaux

      Organiséiert vun dem CCR Neumünster.

      Information

      90 minutes sans entracte