Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Organisé par le CCRN
Gëtt am Grand-Duché gelaacht ? - Lëtzebuergeschen Owend
D’Makadammen Fra! Fräi? Frou?
Wéini ass eng Fra wierklech Fra? Wann se fräi ass ? Mä ass se dann och frou ? Ass een automa- tesch frou wann ee fräi ass?
Och als Quotefra ass een sou fräi, frou ze sinn wann endlech nees Fridden ass. Am Stot… an och soss. Well an de Gemengeréit geet et scho gläich zou wéi zu Babel. Ech soen näischt awer et ass ee jo och alt mol gäre Voll dobäi.
D’Makadamme maachen sech fräi… fir Iech frou ze maachen.
Et spillen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor
Musek: Netty Glesener
Texter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser a Maggy Molitor
Regie: Conny Scheel
Kostümer: Yvette Engel
Wie fäert deen huet Angscht !
Auszich aus dem Solo Programm vum Roland Gelhausen deen am Hierscht 2012 uleeft
Et ass awer och sou munches fir ze fäerten hautesdaags. Awer och scho fréier.
Eis ganz Erzéiung war jo schonn op Ängschten opgebaut. Mir kruten Angscht gemaach virun der Hex déi eis an de Bakuewe stieche kéint, virum Wollef deen eis friesse géif. Dunn hu mer gefaart mir géife vum Wichse blann ginn a kéimen dow- éinst an d’Hell.
Haut fanne mer d’Hexen an d’Wëllef an der Politik erëm an do wëllen se eis souvill Angscht maache bis mer frou sinn datt se eis permanent iwwer- waachen a mat Plackegscanner duerch siwe Boxe bis op d’Schanke kucken.
Mä déi gréissten Angscht hu mer nach ëmmer virun eis selwer. Bezéiungsängscht, Angscht datt mer net kréie wat mer wëllen an natierlech déi éiweg Angscht viru Krankheeten, dem Alter an dem Dout.
Sollte mer eis net sou louss all deenen Ängschte stellen. Se an d’A kucken … an häerzhaft iwwert se laachen.
D’Peffermill(ch)en Stresstest Lëtzebuerg (extraits)
Stresstest ass dat inoffizielt Onwuert vun dësem Jorzéngt. No dem Stresstest vun de Banken an den Atomkraaftwierker ginn d’Kultur, de Sport an d’Politik getest. Fir d’Stresstester gëtt dat e Stresstestfest !
Si testen elo, ob eis Kulturhaiser äerdbiewesé- cher sinn, an ob een an engem net gebaute Fussballstadion besser Futtball spillt. Si testen, ob de Staat mat nach manner Suën, der nach méi kann ausginn, an ob um Krautmaart den Tsunami-Alarm fonctionnéiert. Si testen awer och ob d’Regierung géif den Aschlag vun enger Boe- ing an d’Sennéngerschlass iwwerliewen. A wa jo, wéi grouss dann d’Iwwerlieweschance bei den eenzele Regierungsmemberen ass.
Stresstest Lëtzebuerg ass den offizielle Numm vun der Peffermill(ch)en hirem neie Kabaret- programm an do gëtt getest, ob Äre Stress och stresstestfest ass.
Et spillen: Josiane Fritz, Monique Reuter, De- nise Ruppert, Fons Ruppert
Piano: Arthur Henn
Op d’Bühn bruecht vum Fons Ruppert
- FR
Organisé par le CCRN