20.11.2012 - 20.11.2012
théâtre

Organisé par Den Theater punkt lu en collaboration avec le CCRN

Alles gelunn ? - « Vun de Virdeeler d'Wourecht net ze son an den Nodeeler se ze son »
Vum Florian ZELLER

De Michel bedréit seng Fra mam Alice. Hatt ass onzefridden well se sech ëmmer nëmme fir e puer Stonnen an engem Hotelszëmmer treffen. Vun sengem Wonsch, dach mol e Weekend irgendwou hinzefueren, wëllt de Michel näischt wëssen. Hie fäert net nëmmen datt seng Fra, d’Laurence, him op d’Spur kéint kommen, mee och de Pol, dem Alice säi Mann an dem Michel säi beschte Frënd.

De Michel, e Ligener wéi en am Buch steet, dee selwer iwwerhapt net verdréit wann hie belunn gett, wëllt op kee Fall dat eppes un d’Dagesliicht kënnt, well hie wellt si all schounen. An sou direngelt hien d’Alice him ze verspriechen, ëmmer weider ze léien. Mee hatt wëllt net méi. De Michel mengt : Wann d’Leit vun engem Dag zum anere géifen ophalen sech ze beléien, da géif et keng Koppel méi op der Welt. An an engem gewësse Grad wiir dat d’Enn vun der Zivilisatioun.

Wann d’Alice de Mond net méi wëllt halen, brengt hatt dann d’Wourecht un den Dag?

Dem Florian Zeller säi Kaméidistéck, dat vu witzegen Dialogen nëmme sou spruddelt, ass raffinéiert opgebaut an huet bei senger Éischtopféierung d’lescht Joer am St Pauli Theater zu Hamburg an och am Théâtre Montparnasse zu Paräis grousse Succès gehat.

    Voir d’autres événements dans la collection

      Organisé par Den Theater punkt lu en collaboration avec le CCRN

      Organisateurs principaux

      Organisé par Den Theater punkt lu en collaboration avec le CCRN

      Information