10.10.2023
18:00
conférence / débat
Université du Luxembourg

Mikrobiom - Science Lecture Series

Zur Geleeënheet vun hirem 20. Anniversaire invitéiert d’Universitéit Lëtzebuerg op déi wëssenschaftlech Virtragsserie « 20 Joer un Iddien ». Entdeckt déi lescht wëssenschaftlech Erkenntnisser a Léisunge fir d’Welt vu muer a trefft Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg. D’Virliesungsserie fënnt u verschidden Datumen anPlaze statt an deckt eng breet Palette vun Themen aus all eise Fuerschungsberäicher of. D’Virliesunge sinn ëffentlech an den Entrée ass gratis.

Den 10 Oktober wäert de Paul Wilmes, Leeder vun der Systems Ecology Fuerschungsgrupp a stellvertriedenden Direkter vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg, iwwer “Mikrobiom – wéi beaflosst dës on-siichtbar Welt eis Gesondheet?” schwätzen. 

Souwuel bannend wéi baussend eisem Kierper lieft eng riseg Varietéit vu Mikroorganismen, déi kollektiv als Mikrobiom bezeechent ginn. Et handelt sech ëm Bakterien, Pilzen, Viren an aner Mikroben. Si spillen eng wesentlech Roll bei der Verdauung, der Entwécklung vum Immunsystem an der Gesondheet am Allgemengen. An de leschte Joren ass  besonnesch den Darmmikrobiom mat ville Krankheeten associéiert ginn, vun Diabetes bis Autismus, vu Kriibs bis Neurodegeneratioun.

A sengem Virtrag gëtt de Prof. Paul Wilmes en Iwwerbléck iwwer de mënschleche Mikrobiom a seng Roll, wéi et am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert gëtt a wéi en Afloss op d’Gesondheet a Krankheeten kann hunn. Hien presentéiert Beispiller aus rezente Fuerschungsstudien z.B. iwwert:

  • wéi d’Aart a Weis wéi mir gebuer ginn, d’Entwécklung vum Mikrobiom bei Puppelcher beaflossen,
  • wéi eng Kombinatioun vu Mikroben an Ernährung d’Entwécklung vu Darmkriibs a Parkinson beaflossen,
  • wat de Mikrobiom eis iwwer déi fréi Stadien vun neurodegenerative Krankheeten wéi Parkinson and Alzheimer ka soen, an
  • wéi mir Afloss op de Mikrobiom kënnen huelen fir gesond ze bleiwen.
  • Entrée gratuite

Voir d’autres événements dans la collection

    Université du Luxembourg

    Organisateurs principaux

    Université du Luxembourg