Ce site utilise des cookies afin que nous puissions vous fournir la meilleure expérience utilisateur possible. Les informations sur les cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site Web et aider notre équipe à comprendre les sections du site que vous trouvez les plus intéressantes et utiles.
Debattekultur, eng Kulturdebatt #3 - Vu Geld a Kreativitéit – wéi gesäit eng gerecht Bezuelung aus?
Wat ass eng gerecht Bezuelung fir Kultur? Et gi keng objektiv Critèren, no deenen de Wäert vu Kultur gerechent ka gi – oder dach? Kéint Fräiheet am Schafen duerch en ze strenge Fokus op d’ Bezuelung verluer goen? An awer huet déi ganz wirtschaftlech Situatioun een Afloss op Kënschtler*innen a Kulturschafend: Si mussen och Geld verdéngen, an zwar genuch fir ze liewen. An dofir muss hei zu Lëtzebuerg säit Laangem reegelrecht gestridde ginn. Wien decidéiert, wéi vill si däerfe verdéngen? Wéisou muss dat iwwerhaapt eng Persoun decidéieren? Wat fir eng Roll huet de Staat dobäi – an déi ganz Gesellschaft? Wa Konscht op eemol produzéiert gi muss, fir net an de rouden Zuelen ze landen, och da beschneit sech déi kreativ Fräiheet.
D’Debattekultur, eng Kulturdebatt beschäftegt sech um drëtten Owend mat dëse Grondsazfroen a probéiert aus verschiddene Perspektiven dëst Thema besser ze gräifen an och d’Situatioun um Feld bewosst ze maachen.
- Tout public Salle José Ensch
- Entrée gratuite
11.01 jeudi 18:30
Voir d’autres événements dans la collection
neimënster
neimënster