11.10.2023
18:30
rencontre | conférence / débat
neimënster

Debattekultur, eng Kulturdebatt #2 - Ethesch Richtlinnen an der Programmatioun – Noutwendeg oder een Iwwel?

En Reflexiouns- an Diskussiounsowend zum Thema: Ethesch Richtlinnen an der Programmatioun – Noutwendeg oder een Iwwel? Brauche mir ethesch Richtlinnen an der Programmatioun fir Diversitéit an Inklusioun, spezifesch Themen ervirzehiewen? Wa jo, wien géif déi ginn – a wéi steet de Code de Déontologie dozou, dee vu ville Kulturinstanzen ënnerschriwwe gouf? D’Kulturszen wollt sech déi Richtlinnen zum Deel selwer ginn– wat ass dobäi rauskomm? Oder ass dat eng iwwergrëffeg Iddi, déi guer net noutwendeg ass. Beschneid dat vläit souguer d’Fräiheet vun de Kulturhäiser?

Voir d’autres événements dans la collection